
Foto: De Pierre (ganz riets) bréngt Flüchtlingen no enger Nuecht an enger Scheier iwwer d’Grenz an d’Belsch. © L.P.P.D.
Ee Passeur mat Erfarung a Vermëttler vun Haiser, déi sécher waren
Tëscht 1941 a 1944 huet de Pierre Schon méi wéi 100 Leit verstoppt a sécher an d’Fräiheet gefouert: Alliéiert Fligerpiloten, déi iwwer Europa erofgeschoss goufen, geflücht franséisch Krichsgefaangener, Judden, lëtzebuergesch Deserteuren, déi an däitsch Arméi gezwonge goufen, an aner Resistenzkämpfer. Vill vun hinnen hu grouss Risiken op sech geholl, och schwéier Strof oder souguer de Doud, wann se vun de Besatzer gefaange gi sinn.
En LPL-Member wéi de Pierre hu Bëschweeër benotzt, fir Leit an d’Belsch ze bréngen. E puer Leit goufen als éischt am grousse Familljenhaus zu Diënjen verstoppt oder an anere séchere Plazen, déi hien zesumme mat lokale Resistenzmemberen opgeriicht hat. Anerer hunn sech am Bësch tëscht Diënjen a Wäicherdang verstoppt, Verstoppches, déi hie mat gebaut huet, fir geflücht franséisch Krichsgefaangener, Deserteuren an alliéiert Parachutisten opzehuelen. Wann d’Zäit koum, dass sie hu misse fortkommen, huet hien si an der Nuecht duerch déif Bëscher an dunn iwwert d’Felder an d’Belsch begleet.
Normalerweis huet sech d’Grupp géint 22:00 Auer prett gemaach an d’Grenz géint Mëtternuecht iwwerschratt, wann di däitsch Grenzbeamten Schichtwiessel haten. D’Wanderung dohin an zréck, meeschtens an der Dämmerung oder an der däischter Nuecht, huet e puer Stonne gedauert a war ongeféier 11 km oder 7 Meilen an all Richtung.

Schlësselduerfer a giel markéiert. Belgo-lëtzebuergescht Grenz a rosa
D’Plaze fir Jongen ze verstoppen waren haaptsächlech ënnerierdesch Bunkeren oder an der Säit vun engem Bierg gebaut, ganz rüdimentär, awer gutt getarnt. Am Wanter waren d’Plaze ganz kal. Leit aus der Noperschaft mat vill Mut hunn Iessen am Bësch deposéiert, dat dann am Däischtere wech geholl gouf. Heiansdo haten d’Stoppches e schwéieren Uewe fir ze kachen, deen duerch de Bësch an d’Stoppches huet misste bruecht ginn, fir waarm Gedrénks ze maachen an gehëtzt huet. De Pierre Schon huet weider um Familljebauerenhaff gewunnt an huet reegelméisseg selwer Iesse bei d’Jongen an d’Stopp bruecht.


Fotoen © Visit Eislek
Zesumme schaffen
De Pierre huet zesumme geschafft mat aneren LPL-Memberen an de Passeuren Ernest Delosch an Aloyse Kremer. Hir Route war via Diënjen op Buret a Téiweng (Tavigny), kleng Dierfer an der Belsch no bei der Grenz. Hir wieder Rees huet dacks op Lëmerlé-Réiteng (Limerlé-Retigny) an op Bursch (Bourcy) gefouert, Dierfer an der Belsch mat enger Zuchverbindung, déi och net wäit vun der Grenz ewech waren.
Hien huet eng Serie vu séchere Plazen an der Géigend vun der Grenz opgeriicht, fir seng Aktiounen als Passeur ze ënnerstëtzen. Ënner anerem huet hie mat der Marie-Louise Didier zesummegeschafft, fir eng Zuel vu Leit an hirem Familljenhaus zu Buret an der Belsch ze verstoppen. D’Marie-Louise Didier war Member vun der belscher Resistenz, déi sech op Renseignementsservice an d’Verdeele vun underground Materialie fokusséiert huet.

Am Juli 1943 gouf si verroden, verhaft a vun der Gestapo verhéiert. Wärend dem Verhéier huet d’Gestapo de Numm vun hirem Verréider Jules aus Versinn verroden. Si gouf 4 Méint an Isolatioun gehalen an dacks schlecht behandelt, huet awer refuséiert ze gestoen, datt si Flüchtlingen Asyl gebueden huet. Am Oktober 1943 gouf si an d’ KZ Ravensbrück deportéiert a méi spéit op Neu-Brandenburg iwwerfouert. Do, ënner brutale Bedéngungen, hunn déi meescht Internéiert net iwwerlieft, well se gezwonge goufen 10 bis 12 Stonnen den Dag an enger Fabréck ënner knapper Versuergung ze schaffen.
Wéi d’Rout Arméi nach just 15 Kilometer ewech war, hunn d’Nazien d’Internéiert op en Doudesmarsch an en anert Lager gefouert. D’Marie-Louise konnt bal net méi stoen, mee si huet déi lescht Kraaft zesummegefaasst, fir ënner dem Schutz vun der Däischtert ze flüchten. No enger kuerzer Paus ass si op Schwerin gefuer, wou brittesch Truppen si fonnt an zeréck op d’ Bee gehollef hunn. Am Summer 1945 gouf si endlech an hier Heemecht an d’ Belsch zeréckbruecht.
Hëllef fir jiddesch Deportéiert
Am Joer 1941 hunn d’Däitscher ugefaangen, Lëschte vu Judden zesummenzestellen an d’antisemittesch Moossnamen ze verschäerfen. Am Oktober 1941 hunn d’däitsch Autoritéiten ugefaangen, Judden aus Lëtzebuerg ze deportéieren. Dräihonnert goufen am Lager Fënnefbrunnen (op franséisch Cinqfontaines) no bei Ëlwen internéiert. Dëst Lager, geleeën an engem fréiere Klouschter, huet als Transit gedéngt, ier d’Leit 1942 an di gréisser Vernichtungslager deportéiert goufen.

De Pierre Schon huet gefälschten Identitéitskaarten un e puer vun de Deportéierte weiderginn, fir hinnen ze hëllefen, dem Lager ze entkommen, mat der Absicht, si ze verstoppen an dann iwwert d’Grenz an d’Belsch ze begleeden. Hien huet och gehollef, Iesse fir déi am Lager Fënnefbrunnen ze liwweren, wéi d’Ratioune vun den Nazie reduzéiert goufen, an huet och Iessensbonge gesammelt. Déi meeschten Zäit war d’Lager net ze schwéier vun den Däitschen iwwerwaacht.
An där Zäit si vill Judden zu Lëtzebuerg verstoppt ginn oder an d’Nopeschlänner geflücht, fir der Verhaftung ze entkommen. Vill hunn d’Resistenzbeweegunge kontaktéiert, fir Hëllef ze kréien.
D’polnesch Verbindung
Am Februar 1943 huet de Pierre Schon warscheinlech eng vun den éischten Aktioune vun där Zäit an der Resistenz duerchgefouert, déi vill Mutt ofverlaangt huet.
Als humanitären an ëmmer méi besuergte Mënsch, wéi vill aner, informéiert iwwert d’verschlechtert Situatioun vun de Judden an de politesche Gefaangenen, ass hien am Februar 1943 mat engem Camion mat méi wéi 1000 kg Liewensmëttel op d’Schlass Boberstein gefuer. Hien huet eng gefälscht Identitéit an eng gefälscht Autorisatioun benotzt, déi hien am Noutfall um Wee gebraucht huet. D’Schlass Boberstein war en Nazi-Internements- a Forced-Labour- Lager fir deportéiert Lëtzebuerger am Hirschbergtal, dat haut zu Polen gehéiert, an huet e puer honnert Leit opgeholl. Ufanks 1943 hunn d’Internéiert ëmmer méi Honger gelidden, well se ëmmer méi kleng Ratioune kritt hunn an ënner ganz haarden Ëmstänn hunn iwwerliewe missten.


Foto lénks uewen: Loftbild vum Schlass Boberstein mat de Bauten dobausse. Riets: Alldagsliewen am Lager Boberstein a Schlesien. (Centre de Documentation et de Recherche sur la Résistance)
Zu enger Zäit, wou d’Liewensmëttel streng kontrolléiert goufen, huet de Pierre Schon méi wéi 1.000 Kilogramm u Liewensmëttel vum Familljenhaff an den Nopeschhäff an der Eislécker Gegend organiséiert. Mat engem kloren Ziel an Nerven aus Stol huet hien d’Liewensmëttel duerch d’Nazidäitschland bis op d’Schlass Boberstein transportéiert. Eng Rees vu ronn 1.000 Kilometer an eng Richtung. D’Faart, déi bal 30 Stonne gedauert huet an duerch vill Kontrollpunkte gefouert huet, war eng couragéiert a bal onvirstellbar Leeschtung.
Zwou Persounen, déi vum Pierre Schon an archivéierten Dokumenter als Zeien ernimmt goufen, waren den Auguste Collart, fréiere Buergermeeschter vu Beetebuerg an Deputéierten, an de Jean Peusch, e bekannte lokale Politiker, dee vun 1946 bis 1964 DP-Buergermeeschter vu Klierf war an och Member vun der Chamber war. Di zwee Leit, Bekannte vum Pierre Schon, sinn als Politesch Prisonéier deportéiert ginn, zesumme mat hire Familljen a waren zu deem Zäitpunkt, wou de Pierre Schon zu Boberstein ukomm ass, am Lager Boberstein internéiert. Den Auguste Collart war ee Resistenzler, mee d’Preisen hunn et net fäerdeg bruecht, et ze beweisen. Als Royalist a Patriot huet hien sech an aristokratesche Kreesser beweegt a grouss Zommen un d’Resistenz an déi Deportéiert gespent.
Sou eng couragéiert Initiativ wier net méiglech gewiescht ouni d’diskret Ënnerstëtzung vun der Gemeinschaft vun de Bauere, déi wie Pech a Schwiefel zesumme gehalen hunn, ronderëm Klierf, a vun deenen der vill an der Resistenz aktiv waren.
No dem Krich, huet d’polnesch Regierung dem Pierre eng Medail verleeënt als Zeeche vum Merci fir seng humanitär Hëllef wärend dem Krich.
Eng nei Identitéit
D’LPL konnt Honnerten aus verschiddene Gruppe verstoppen an hinnen zur Flucht verhëllefen. Gläichzäiteg hunn dës Leit Iesse gebraucht, sou datt d’Resistenzbeweegung Iessbongen nogedréckt an Identitéitskaarte vun allen Zorte gefälscht huet, fir d’ Leit zu Lëtzebuerg d’Iwwerliewe méiglech ze maachen. Well si an enger Gemeinschaft vu Bauere geschafft hunn, konnt och e bësse Liewensmëttel diskret ofgezweigt ginn, fir déi, déi verstoppt gelieft hunn, ze ernären.
De Pierre Schon konnt Identitéitskaarte fälschen an hat souwuel Schablounen ewéi och original Stempelen aus verschiddene Gemengen aus Frankräich an aus der Belsch, déi hie benotzt huet, wann néideg. D’Resistenzler konnten sech esou och ënner falscher Identitéit beweegen, fir manner opzefalen. Hien huet och mat senge Kontakter an der belscher Resistenz zesummegeschafft, fir méi grouss Quantitéite vu gefälschten Identitéiten hierzestellen, fir déi, déi hien iwwer d’Grenz gehollef huet.
Am Oktober 1941 ass et der LPL esouguer gelongen, Waffen aus dem Policebüro zu Dikrech (dee vun den Däitsche besat war) erauszekréien.
Am Oktober 1941 huet Nazi-Däitschland versicht, Lëtzebuerg duerch e forcéierte Referendum (“Personenstandsaufnahme”) unzeschléissen. Trotz dem Drock vun den däitsche Besatzer an der VdB huet d’lëtzebuergesch Resistenz eng staark Campagne do dergéint gestart. Resistenzler, dorënner de Pierre Schon, hu Pamphlete géint de Referendum geschmuggelt a verdeelt, déi vum Drécker Loquet zu Bréissel produzéiert goufen a vum Alphonse Rodesch geliwwert goufen. De Referendum huet net dat Resultat bruecht, wat d’Nazien sech erwaart haten, a gouf esou e kloert Zeeche vum Widderstand an der Ofleenung vun der Nazi-Herrschaft duerch d’lëtzebuergesch Bevëlkerung. Aus Protest hu vill Leit weider Lëtzebuergesch geschwat, trotz Verbuet, an e puer hunn hir däitsch Identitéitskaarte symbolesch zerrass als Form vu passivem Widderstand.