Brittesch Commonwealth / USA

Brittesch Kampf-Fliger ofgeschoss zu Märel, enger Uertschaft vun der Stad Lëtzebuerg. © ANLux 005-01-107

Et gëtt geschat, dass iwwer 300 alliéiert Fliger, dorënner Bomberen a Kampf-Fligeren, wärend dem Krich iwwer Lëtzebuerg ofgeschoss goufen, souwéi e puer honnert weider iwwer de belschen Ardennen. D’Majoritéit dovu war Deel vun de Loftkampagnen, déi vun den alliéierten Truppen duerchgefouert goufen; et waren d’alliéiert Bommekampagnen fir d’Befreiung vu West-Europa. Dëse Loftberäich war heefeg Ziel vun däitsche Flack-Verteidegungen an der Loftwaff. Vill vun den erofgeschossenen Fligere sinn an de Bëscher an op de Felder erof gefall, an e puer vun de Crew-Memberen hunn dat iwwerlieft, wärend anerer entweder gefaange geholl goufen oder leider hiert Liewe verluer hunn.

Alliéiert Piloten, déi et fäerdeg bruecht hunn, eraus ze sprangen a sécher ze landen, goufen dacks fir d’éischt vu lokale Bauer oder Ziviliste verstoppt ginn, ier si un d’Resistenz iwwergi goufen, déi si an engem Reseau vu sécher Wunnenge verstoppt huet. Vun do aus konnten si iwwer d’Grenz transportéiert ginn an der belscher Wäisser Arméi iwwerliwwert ginn, fir dann iwwer Fluchroutten dacks iwwer Frankräich, Spuenien a Portugal zeréck op England ze kommen.

De Pierre Schon an seng Mataarbechter vun der LPL hu wärend dëser Zäit e puer alliéiert Fliger a Sécherheet gehollef, hunn hinne falsch Identitéite ginn an de Pierre huet hinnen heiansdo seng eege Kleeder ginn, fir dass se wéi Zivilisten ausgesinn hunn. Hei ënnendrënner si Beispiller aus den US-Archive. Vun Abrëll 1943 un huet hien op der belscher Säit vun der Grenz geschafft, nodeems hie virun der Gestapo huet misse flüchten, déi e Befehl zu Lëtzebuerg erausginn hat, hien ze verhaften.

Am Dezember 1943 huet de Pierre e kanadesche Pilot verstoppt, deem säi Fliger zu Haversein-Buissonville an de belschen Ardennen erofgefall war. Hien huet David Smith geheescht a koum aus Winnipeg. De Pierre huet sech 3 bis 4 Deeg ëm de Pilot gekëmmert. De Pilot krut Zivilkleeder am Petit Café zu Havrenne (Rochefort) an eng vun de Gabardinnen vum Pierre. De Pierre huet hien dann un de Jan Collard zu Baaschtnech iwwerginn; vun do aus ass hien 10 Deeg méi spéit zesumme mat engem bekannte Resistenzler, dem Jules Dominique (deen de Pierre ugeschriwwen hat), op Bréissel gaangen.

De 4. Februar 1944 huet den Aloyse Kremer dräi amerikanesch Piloten dem Pierre iwwerginn. Hir Nimm ware Joe Kerpan, Robert Korch an Donald Toye aus Oregon. Si goufen zesumme mat 40 Lëtzebuerger iwwer d’Grenz bruecht. De Pierre huet hinne falsch ID-Kaarte ginn an engem vun hinnen seng nei Gabardinn ginn. Wéi den Donald Toye et erzielt, sinn déi dräi Pilote mam Zuch op Baaschtnech gefuer an hunn d’Nuecht dohanne beim Paschtouer zu Herve verbruecht, wou si 5 Deeg am Haus vum Paschtouer bliwwe sinn. De Paschtouer war de Leader vun enger Resistenzgrupp. Si krute falsch ID-Kaarten a goufen de 24. Abrëll an e Lager vun der Wäisser Arméi am Bësch westlech vu Morhet bruecht. De Pierre huet bestätegt, dass dat ee Maquis-Lager war, wou se gefouert goufen, an zwar d’Haversin-Lager, dee vun der belscher Resistenz geleet gouf.

Am Fréijoer 1944, mat der immanenter alliéierter Invasioun vu Frankräich, huet d’Comète-Linn, an Zesummenaarbecht mam MI9, decidéiert d’Evakuatiounen opzehalen an amplaz d’Piloten am Bësch am Maquis-Lager zesummenzeféieren, wou si op d’Ukënnegung vun den alliéierten Arméie konnte waarden.

De 5. Februar 1944 ass en amerikanesche Bomber no bei Ottré Vielsalm, no bei Baaschtnech an der Belsch gelant. De Pierre an seng Komerode Jos Tholl a Paul Cormotte hunn no der Plaz gesicht a konnten de Maschinneschütze fannen. Si hunn hie mat neie Kleeder equipéiert an un de François Charlier zu Hebronval iwwerginn, wou déi aner sechs vum Fliger zesummegesammelt goufen. D’Pilote goufen am Institut fir Déif- a Behënnerter zu Sierneux ënnerbruecht. Leider gouf dat Institut vun der Gestapo duerchsicht an et ass net kloer, wat mat de 7 Fliger duerno geschitt ass.

Am Juni 1944 hunn d’ Lëtzebuerger Aloyse Kremer a Pierre Kergen zwee brittesch Piloten an ee kanadesche Pilot vu Lëtzebuerg iwwer d’Grenz an d’Belsch, no Lëmerlé bruecht. D’Pilote waren den Edgar Michaud (Kanadesch), Alan Best (Brittesch) a Ronald Dawson (Brittesch). Si goufe virun dësem op de Familljebauerenhaff vum Schon verstoppt. De Pierre Schon huet hinne falsch ID-Kaarte ginn a jidderengem 200 Frang. Duerno goufen si an de Maquis du Lion Rouge bruecht, dee vum Jules Dominique geleet gouf. Zwou vun hinnen hunn hir Rees weidergefouert, wärend den Alan Best beim Maquis bliwwen ass bis zur Befreiung.

Foto vu lénks no riets: d’Kremer Bridder Eugène an Aloyse (LPL) mat dem Pierre Schon (LPL), Edgar Michaud (kanadesche Pilot), Pierre Kergen (LPL), Ferd Hansen (Refugié aus Klierf), Alan Best (brittesche Pilot), Ronald Dawson (brittesche Pilot) a Batty Mutsch (LPL). D’Grupp ass grad vu Lëtzebuerg un d’Statioun Lëmerlé an der Belsch ukomm.

Foto vum Nationalmusée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter, Lëtzebuerg

Am Mee 1944 huet de Jos Racke dem Pierre e kanadesche Pilot bruecht. De Pierre huet him falsch Pabeieren a 500 Frang ginn an huet hien zesumme mam Michel Kirtz iwwer d’Grenz an d’Belsch gehollef. Hien gouf un de Maquis (Bëschlager) iwwerginn, wou hie bis zur Befreiung bliwwen ass.

Kuerz no dem Krich huet de Pierre zwou Auszeechnunge kritt. Eng aus den USA ënnerschriwwe vum General Eisenhower, an eng aus dem Commonwealth of Nations ënnerschriwwe vum Deputéierte Chefkommandant vun der alliéierter Expeditiounsarméi, déi hir Merci a Wäertschätzung fir seng Hëllef beim Entkomme vun alliéierten Zaldoten a Piloten aus den Hänn vum Géigner ausgedréckt hunn.

Et gouf am Fréijoer a Summer 1944 ongeféier 20 Maquis (Resistenz)-Bëschlager, déi an de belschen Ardennen aktiv waren, an hir Sabotageaktiounen hunn zougeholl, wéi d’alliéiert Truppen iwwer Europa virugefouert. Déi Lager hunn sech aus dëse couragéierte Belsch a Lëtzebuerger zesummegesat, dorënner Lëtzebuerger, déi virun der zwéngender Aschreiwung an d’däitsch Arméi geflücht sinn oder politesch Gefaangener, déi op der Flucht waren. De Pierre Schon, de Chef vum Maquis bei Lavacherie, an seng Maquisarden (Resistenz-Kämpfer) hunn een Deel vun dësem aktive Reseau ausgemaach.

Dës Lager sinn zu méi wéi nëmmen enger klenger Onbequeemlechkeet fir d’Nazi-Besatzer ginn, well si konstant wichteg Ravitaillementslinnen gestéiert hunn. Soubal eng Eisebunnslinn oder eng grouss Strooss reparéiert war, gouf si kuerz drop erëm duerch en neien Ugrëff zerstéiert.

E puer Bëschlager goufen opgrond vu Verrot oder vun däitscher Recherche entdeckt, gestiermt an opgeléist. Dëst ass geschitt bei dem Camp de Chenet, Camp d’Ebly, Camp de Genevaux, Camp de Lierneux, Camp de Mussy an dem Camp de Rulles. Eng Zuel Resistenzler goufe bei Schéissereie blesséiert oder ëmbruecht, anerer goufe gefaange geholl a verurteelt, wärend déi wéineg Glécklech an Internéierungs- oder Prisongslager geschéckt goufen, wou si d’Befreiung nach erlieft hunn. Méi Detailer an d’Quell si vum Pierre Kergen (LPL Resistenzler).

Am Mee 1945 huet de General Eisenhower, héchsten alliéierte Commander fir Europa, deen d’Befreiung vu West-Europa mat den alliéierten Truppe geleet huet, d’Wichtegkeet vun de Resistenzbeweegungen zesummegefaasst. „D’Stéierung vun de feindlechen Zuchverkéiersverbindungen, d’Belästegung vun den däitsche Stroosseverkéiersbeweegungen an de stännegen an ëmmer méi groussen Drock op d’däitsch Sécherheetsdéngschter iwwer ganz besat Europa hunn eng ganz wichteg Roll an eiser totaler an endgülteger Victoire gespillt.“

De Kergen Familljjenbauernhaff am klengen Duerf Sassel, just 7 km vu Klierf an 9 km vun Diënjen, wou d’Schonen hiren eegene Bauerenhaff haten. Am Juli 1941, mam Alter vun 19 Joer, gouf de gréisste Jong, de Pierre Kergen, vum Matgrënner Josy Fellens an d’Resistenzgrupp LPL-Nord opgeholl. Als trei Patrioten huet d’Famill Kergen zwou Verstopplazen op hirem Bauerenhaff gehalen an, mat groussem perséinlechem Risiko, tëscht 1941 a 1944 vill Flüchtlingen ënnerbruecht.

Wéi de Pierre Schon gouf de Pierre Kergen en erfuerene Passeur, dee méi wéi honnert Persoune sécher iwwer d’belsch Grenz bruecht huet. Zesumme mat senge vertraute Komeroden Eugène Kremer a Batty Mutsch huet d’Equipe séier ee gudde Ruff fir Effektivitéit a Courage kritt. Zousätzlech zu senge Passeuraktiounen huet de Kergen och als Informatiounsverbindungsbeamten an engem verstoppte belsch-lëtzebuergesche Geheimdingschtreseau gedéngt, wéi och de Pierre Schon, a war fir eng kuerz Zäit Member vun der belscher Resistenz.

Vun 1943 un hunn déi zwee Pierre-n enk zesummegeschafft. De Schon, dee vun der Belsch aus geschafft huet, huet d’Flüchtlingen empfaangen an hinnen de Wee gewisen, déi de Kergen an seng Komeroden iwwer d’Grenz bruecht haten, a si hunn hir Rees duerch d’Belsch weidergefouert an an d’Resistenzlager, déi an dem Bësch verstoppt waren. Béid Männer si schlussendlech wéinst der däitscher Géigenoffensiv an d’Belsch geflücht a si hunn déi lescht Deeg vum Joer 1944 zesumme verbruecht – net méi als Resistenzkämpfer, mee als ‘Refugiéen’.

Klierf an d’Dierfer ronderëm goufen als éischt den 10. September 1944 vun den US-Truppe befreit, wat de Leit an de Lëtzebuerger Ardennen erlaabt huet, hir laang erwaart Fräiheet ze genéissen. Si hunn hir amerikanesch Befreier mat oppenen Ärem begréisst, Geste vu Merci, déi vun enger noer SS-Eenheet, déi d’Grenzduerf Kalborn iwwerwaacht huet, net iwwersi goufen.

Den 22. September, ënner dem Schleier vu fréiem Moiesniwwel, huet d’SS d’Hoelpes-Haus attackéiert, wou verschidde Famillen am Keller verstoppt waren. Frustréiert iwwer hire Réckzuch op d’däitsch Grenz, war den SS-Kommandant fest entschloss, sech un der Bevëlkerung ze rächen. D’Zaldoten hunn d’Awunner erausgejot an hunn ouni mat der Wimper ze zécken op siwe jonk Männer geschoss. Hir Läiche sinn an engem klenge Weier gelant. Ënnert den Affer ware véier Bridder aus der Famill Hoelpes. De fënnefte Brudder, deen nëmmen dräizéng Joer al war, huet den SS-Kommandant am leschte Moment verschount, well hien ze jonk war, fir erschoss ze ginn.

De Massaker huet an der Regioun grouss Schockwellen ausgeléist. Wéi di Däitsch de 16. Dezember hir Géigenoffensiv lancéiert hunn, hunn d’Erënnerungen un dës Gräueltat vill jonk Männer dozou bruecht, d’Grenz an d’Belsch ze iwwerschreiden, a léiwer den onsécher Wee vum Flüchtling ze wielen ewéi de Risiko anzegoen, den Nazien, déi zréckkoumen, an d’Hänn ze falen. Di Gräueltat huet e staarken Androck bei deenen hannerlooss, déi d’Gräuel iwwerliewen hunn. De Pierre Schon, deen déif getraff war vun dëser Tragedie, huet iwwer dësen onsënnege Massaker geschwat, iwwer Jongen, déi sech net konnte verteidegen.

Vun der Mëtt September bis Mëtt Dezember 1944 hu vill Bauerenhäff an der Éislécker-Regioun hir amerikanesch Befreier ënnerbruecht an hunn zousätzlech Zëmmeren, Wunnberäicher, Scheieren a Schäpp fir d’Truppen zu Verfügung gestallt. De Pierre, dee gutt Englesch geschwat huet, huet mat den US-Zaldote geschwat. Eppes, wat si gedeelt hunn, war en déift Verständnis vum bewaffnete Kampf. Si haten nach ëmmer dee selwechte Géigner géint si. D’Däitscher hunn hir Iwwerraschungs-Géigenoffensiv fréi moies de 16. Dezember lancéiert. Wärend der Nuecht vum 16. op de 17. Dezember hunn d’Amerikaner Radio-Instruktioune kritt fir sech nees ze sammelen. De Pierre ass direkt aktiv ginn a mat den Amerikaner fortgaangen, an der Gewëssheet, datt hien erëm an d’Belsch misst flüchten, fir dem sécherem Doud ze entkommen, wann d’Nazie plëtzlech zréckkomme géifen.

Fir den Counter Intelligence Corps (”C.I.C”) US-Norichtendensgcht ze hëllefen, huet de Pierre zougestëmmt, der wuessender Zuel vu Flüchtlingen ze hëllefen an d’Konvoie sécher an d’Belsch ze guidéieren. D’Konvoien hunn sech aus Foussgänger, Leit mat Vëloen an aus Ween, vu Päerd gezunn, zesummegesat, déi alleguer prett waren, fir spontan fortzefueren.

Foto © ANLux 005-01-147

D’Leit, déi flüchte wollten, hunn sech u festgeluechten Treffpunkten zesummegedoen. An der Tëschenzäit huet ee Kanouneschoss aus enger gewësser Distanz héieren. Dës Kéier war d’Grenz an d’Belsch op, mee fir wéi laang nach? D’Gruppen hunn an d’Richtung Weste musse ginn – a ganz séier.

Vun de 16. bis den 18. Dezember huet den 110. Infanterieregiment vun der US-amerikanescher 28. Infanteriedivisioun, och wann se nëmme liicht ekipéiert waren, eng héichwäerteg Verteidegung vu Klierf organiséiert, déi den däitsche Virmarsch verzögert huet an den alliéierten Truppe méi Zäit ginn huet, fir sech ze mobiliséieren. Dëst huet och dem Pierre an de lëtzebuergesche Konvoien een extra wäertvollen Dag ginn, fir virun ze kommen an esou eng gewëss Distanz zur däitscher Arméi ze kréien.

Onsécher, wéi séier d’Däitscher géife vijenzeg koumen, huet de Pierre déi Foussgänger gedrängt, sou wäit wéi méiglech mam Zuch no Westen ze fueren. Och wann d’Zich struppevoll waren, hu vill et geschafft, sech nach op déi puer, déi nach gefuer sinn, eranzedrécken. D’Grupp huet decidéiert, sech spéider op engem virausbestëmmen Treffpunkt méi wäit am Westen nees ze treffen.

An der Tëschenzäit hunn déi, déi mat enger Päerdskutsch oder mam Vëlo gefuer sinn, d’Haaptstrooss Richtung Houffalize geholl, sinn duerno weider a Richtung La Roche gefouer, wou si op endlos amerikanesch Militärcamione getraff sinn, déi op d’Front gefuer sinn. Eng laang Prozessioun vun Honnerte vu Flüchtlingen huet sech laanscht d’Strooss gezunn, all an der selwechter Richtung an d’Sécherheet.

Selbstverständlech war d’Destinatioun Marloie an och dee Reseau vu Wunnenegen, déi sëcher waren a vum séchere Bauerenhaff, also dee Reseau, dee vum Jean Boever opgebaut gouf. Hei konnten d’Konvoien eng kuerz Paus huelen, sech erfrëschen an d’Päerd konnte gefiddert ginn.

Bis den 19. Dezember hat d’däitsch Arméi de ganzen Norde vu Lëtzebuerg nees ënner hir Kontroll bruecht an d’fierchterlech Gestapo ass zréckkomm, fir déi lokal Bevëlkerung an all Mënsch, dee verdächtegt war, d’Alliéierten ze ënnerstëtzen, maximal ze bestrofen. An deene laange sechs Woche vun der neier Occupatioun goufen iwwer 120 Leit festgeholl an 39 ëmbruecht oder deportéiert. D’Haiser a Scheiere vun de Bauerenhäff waren nees vun däitschen Zaldote besat. D’Awunner hu probéiert, daper ze bleiwen an hëllefräich ze schénge, an der Hoffnung, datt d’Alliéierte séier zréckkommen.

Den 20. Dezember, wéi di Däitsch zréck an d’Belsch virgedronge sinn a d’Stad Baaschtnech ëmkreest hunn, hunn Elementer vun der 101. Airborne Division, verstäerkt duerch Eenheete wéi d’10. Panzerdivisioun, d’Stad ënner Belagerung daper gehalen, obwuel si ëmréngt, ënnerleeën a knapp u Ravitaillement waren. D’Belagerung gouf endlech de 26. Dezember gebrach, wéi di Drëtt Arméi vum General George Patton d’däitsch Linnen duerchbrécht huet, fir d’Verdeedeger ze erléisen. Dëst gëtt dacks als e Wendepunkt fir d’Alliéiert am Battle of the Bulge ugesinn.

Kaart, déi d’Ausmooss vun der däitscher Géigenoffensiv an d’Belsch weist – Kaart Padresteve

D’Gruppen hunn d’Richtung Weste mussen halen. Bis den 21. Dezember waren di Däitsch scho bei Rochefort ukomm, westlech vu Marloie, wéi d’Konvoien hiere Wee Richtung Beauraing a Richtung Dinant ageschloen haten, fir d’Bréck iwwer d’Musel ze erreechen, ier se fir Ziviliste gespaart gouf. Distanz tëscht Dinant a Rochefort an der däitscher Arméi war nëmmen nach 30 Kilometer.

D’Wieder huet eng scho schwiereg Situatioun nach méi erausfuerderend gemaach. D’Temperature sinn dacks vill ënner de Gefréierpunkt gefall, an di grouss Keelt huet d’Leed vun de Flüchtlingen nach verstäerkt. Den 23. Dezember koum e Wendepunkt, wéi den Himmel klor a blo ginn ass an den alliéierte Fligeren erlaabt huet, rem Siicht op de Buedem ze hunn. D’Fligere konnte Buedemtruppen ënnerstëtzen an däitsch Positiounen a Versuergungslinnen attackéieren, e wichtege Changement am Verlaf vun der Schluecht.

Wéi d’Gruppe méi no un Dinant komm sinn, hunn si vill brittesch Verstäerkunge getraff, déi op d’Front virugoungen, fir d’däitsch Truppen zréckzedrécken. D’Gruppen hunn nei Hoffnung kritt wéi si d’alliéierte Verstäerkung gesinn hunn.

D’Flüchtlingen hunn um Buedem an an de Schoulen, a Bauerenhäff an och an de Scheiere geschlof. Déi frëndlech Awunner hunn Iessen zur Verfügung gestallt, genau wéi d’Flüchtlingshëllefzentren (centres d’accueil). D’Gruppen haten och e bësse Suen a hu kaaft, wat se konnten.

No der Iwwerschreidung vun der Musel sinn d’Gruppen a Richtung Philippeville weidergefuer. Den 22. an 23. Dezember hunn sech vill Lëtzebuerger bei engem Schlass bei Anthée zesummegedoen, wou eng grouss Feier stattfonnt huet a waarme Kaffi op si gewaart huet. Bekannte Gesichter vun doheem si gesi ginn, wat e Gefill vu Confort a Berouegung bruecht huet.

Erschëpft hunn ongeféier 60 Flüchtlingen d’Nuecht zesummen um Buedem vun enger Schoul verbruecht. D’Gebai war opgehëtzt, ee wëllkommenen Confort no Deeg voller Keelt an Onsécherheet. An de follgenden Deeg hunn d’Flüchtlingen ugefaangen, sech a méi kleng Gruppen opzedeelen an hunn sech op verschidde Plaze verdeelt, wat et méi einfach gemaach huet, eng Plaz fir d’Nuecht ze fannen. E puer hunn och ugebueden, op lokale Bauerenhäff ze schaffen, am Austausch fir Iessen an eng Plaz fir ze bleiwen.

E detailléierten, perséinlechen Dag-fir-Dag Bericht vun der Flucht vum Pierre Kergen iwwer d’Sécherheet kann een a sengem Buch vun 2002 “Kriegserinnerungen eines Oeslinger Resistenzlers” fannen.

An de leschten Deeg vum Dezember hunn de Pierre Schon an de Pierre Kergen, déi béid vu Famill a Frënn léif „Pierchen“ genannt gi sinn, decidéiert, mam Zuch op Charleroi ze fueren. Hir éischt Haltestatioun war d’Flüchtlingshëllefzentrum, wou si hir Flüchtlingsidentitéitskaarte virgewisen a Liewensmëttelbongen kritt hunn. De Mataarbechter huet hinne gesot, dass d’Ratioune fir zéng Deeg duergoe sollten. Awer schonn no just zwee Deeg haten di zwee hongereg Männer se all opgebraucht.

Déi Nuecht hunn si ganz ugedoen an der Stadsherberg geschlof, déi gratis war. Den nächsten Dag si si an d’Stad gaangen, fir déi lieweg Atmosphär an d’Geschäfts-Fënsteren ze genéissen, Saachen, déi si no de Méint, déi si am Ardennenbësch verstoppt waren an dono zeréck an hire klengen Dierfer, laang net méi erlieft haten.

E puer Deeg méi spéit hu béid Männer den Zuch op Bréissel geholl, wou si nach eng Kéier de centre d’accueil besicht hunn, fir méi Liewensmëttelbongen ze kréien. Och wann si ursprénglech geplangt haten, weider an déi lieweg Stad Antwerpen ze fueren, hunn si hir Meenung geännert, wéi si erfueren hunn, datt d’Stad nach ëmmer vun däitsche V-1-Fligerbommen – (Bomme mat Flilleken – Doodlebugs) – attackéiert gouf, déi och op d’Awunner vu London gefall sinn a si terroriséiert hunn.

Hire Besuch an dëse Stied war eng wichteg Oflenkung, well béid Männer nach ëmmer déif besuergt waren ëm d’Schicksal vu verschiddene Familljememberen, déi erëm ënner Nazi-Kontroll an den Ardennen am Norde vu Lëtzebuerg gelieft hunn. Wéi se zu Bréissel waren, huet de Pierre Schon d’Geleeënheet genotzt, fir sech mam Alphonse Rodesch erëm ze gesinn an d’Ambassade opzesichen, fir iwwer d’Fuererlabnisser ze schwätzen, déi néideg waren, fir datt déi lëtzebuergesch Flüchtlingen nees heem kéinte goen. Zu där Zäit war d’Ardennen-Regioun an e puer militäresch Zonen opgedeelt, an dofir war eng offiziell Autorisatioun néideg fir ze reesen.

Géint Enn Dezember koumen déi éischt Noriichten iwwer d’Befreiung vu Baaschtnech an den zréckgedréckte Virmarsch vun den Alliéierten op d’Däitschland. Dat huet béide Männer nei Hoffnung ginn, an si hu lues ugefaangen ze gleewen, datt si vläicht schonn an e puer Woche kéinte mat engem Plang fir hir Heemrees ufänken.

An der leschter Woch vum Januar hu vill vun de Flüchtlingen hir Rees zeréck heem op Lëtzebuerg ugefaangen. Op hirem Wee waren si schockéiert iwwer d’Zerstéierung, déi si an den Ardennen-Stied wéi La Roche an Houffalize gesinn hunn – Stied, déi ënner massive Bombardementer a schlëmme Gefechter gelidden haten. Si haten net gewosst, datt dës Plazen matten dran vun sou heftege Kämpf louch. Wéi si hir Rees virugefouert hunn, hunn si sech gefrot, wat si zréck doheem an den Ardennen zu Lëtzebuerg géif erwaarden. De Pierre ass schliisslech den 1. Februar 1945 um Familljenhaff ukomm. Wat war an deen sechs Wochen dach vill geschitt!

E puer Haiser um Rand vun Diënjen waren duerch Artilleriefeier zerstéiert ginn. Zwielef doudeg Päerd louche verdeelt an engem Feld, dat op d’Duerf erofgekuckt huet. De Pierre huet gehollef, se ze begruewen. Eng amerikanesch Fluchofwier-Artillerie stoung um Hiwwel direkt iwwer dem Haff. Schwéier Kämpf an eng grouss Zerstéierung haten déi am Nordoste geleeë Stied wéi Wooltz, Klierf, Ëlwen, Ettelbréck an Dikrech verwüüst.

Wéi Däitschland seng Géigenoffensiv gestart huet, huet de Nic, dem Pierre säi méi ale Brudder, séier d’Päerd un d’Ween ugespaant, fir sech de Konvoien unzeschléissen, déi a Richtung Belsch op der Flucht waren. Nach ëmmer traumatiséiert vu senger rezenter Verhaftung an dem Verhéier duerch d’Gestapo, huet hien no Sécherheet gesicht – fir sech selwer, seng Fra Albertine, hir véier Joer al Duechter Clothilde an hiren dräi Méint ale Puppelche Ferdinand. Mat Schnéi op de Stroossen an dem klenge Ferdinand, deen Unzeeche vun enger Longeninfektioun gewisen huet, war d’Rees héich riskant. E Gott gleewege belsche Bauer bei Gouvy huet d’Famill opgeholl. Leider ass de Ferdinand zwou Wochen drop gestuerwen – zu enger Zäit, wou Antibiotika nach net verbreet waren, besonnesch net an engem Krichsgebitt. Hie gouf an enger klenger Doudelued um Rand vum lokale Kierfecht begruewen, bis et erëm sécher war, fir zréck op Diënjen ze goen an him eng lescht Rou am Familljegraf ze ginn.

D’Gräueltaten vun der däitscher SS hu bis an de Fréijoer 1945 gedauert.

Owes viru Chrëschtdag, de 24. Dezember 1944, als Vergeltung fir lokal Resistenzaktioune vun e puer Méint virdrun – besonnesch e September-Ugrëff vun dem belsche Maquis, bei deem dräi däitsch Zaldoten ëmkomm sinn – goufe 34 Zivilisten aus dem Duerf Bande vum Sicherheitsdienst (SD), dem Geheimdéngscht a Sécherheetsagence vun der SS, exekutéiert. Wéi d’Däitscher d’Regioun erëm am Kader vun der Ardennenoffensiv iwwerholl hunn, goufen Leit zesummen gedriwwen, an e Keller laanscht d’N4 Strooss bruecht a systematesch erschoss. Hir Läiche goufen op der Plaz verstoppt.

E Mann, de Léon Praile, huet et fäerdeg bruecht, der Exekutioun ze entkommen, andeems hien an de Bësch geflücht ass, wat hien zum eenzegen Iwwerliewende gemaach huet. Bei der Liberatiuon vun der Regioun duerch brittesch Truppen den 10. Januar 1945 goufen d’Läiche vun engem gemeinsam belschen a kanadesche Militärteam entdeckt an duerno den 18. Januar 1945 an engem kollektive Begriefnes nees beäerdegt. Bande (an der Wallonie) war eng vun de Regiounen, wou de Pierre Schon a säi Maquis aktiv waren.

De Sonnenburg-Massaker (haut Słońsk, Polen) huet an der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945 stattfonnt, just e puer Deeg virun der Arrivée vun de Sowjetteschen Truppen. Wéi d’Rout Arméi méi no komm ass, hunn Nazi-SS-Truppen 819 Gefaangener am Sonnenburg-Gefängnis exekutéiert, dorënner 91 jonk Lëtzebuerger, déi forcéiert waren an d’däitsch Arméi agezunn ze ginn an do wéinst Resistenz oder Desertioun festgehale goufen. Aner Gefaangener waren ënner anerem Fransousen, Hollänner, Belscher, Polen, Russen a Jugoslawe.

D’SS huet de Massaker als leschte Repressiounsakt géint déi duerchgefouert, déi sech géint d’Naziherrschaft widdersetzt haten. Déi massenhaft Exekutioun sollt och Zeien ëmbréngen an d’Resistenz ënnerdrécken. D’Gefaangener goufen am Prisongshaff erschoss, an hir Kierper sinn do leie bliwwe bis d’Russen de Site zwee Deeg méi spéit, den 2. Februar 1945, befreit hunn, wou si nëmmen nach véier Iwwerliewender fonnt hunn.

Dëse Massaker ass ee vun de traatschegsten Evenementer an der Geschicht vu Lëtzebuerg an et gëtt all Joer a béide Länner Lëtzebuerg a Polen drun erënnert, fir d’Victime ze éieren. Bei den Gedenkfeieren ginn ënner anerem Kränz bei Denkmaler an der Stad Lëtzebuerg an zu Słońsk niddergeluecht.

Krich ass brutal an ouni Ënnerbriechung. D’Zerstéierung garantéiert, datt et keng richteg Gewënner ginn, nëmmen Iwwerliewender. Wéi dës zwou Geschichte weisen, iwwerstraalt am Schied vun der Ënnerdréckung d’Liewensgefill no Fräiheet alles, mee de mënschleche Präis ass onschätzbar héich.

Am Joer 1998 ass den Don Toye aus Oregon, ee vun deenen amerikanesche Fligerpiloten, déi 1944 iwwer Lëtzebuerg ofgeschoss goufen, zréckkomm fir déi iwwerliewend Membere vun der LPL Nord Resistenzgrupp ze treffen, déi him viru 54 Joer gehollef haten, der Gefaangenschaft ze entkommen. Och wa Joerzéngte vergaange sinn, huet di grouss Dankbarkeet net ofgeholl a besteet haut nach. Déin déifste Merci un d’amerikanesch a Commonwealth Befreier, an e groussen, éiwege Respekt un déi méi wéi honnertdausend couragéiert Alliéierten, déi hiert Liewe ginn hunn, fir West-Europa vun der Nazi-Oppressioun ze befreien. Sou dass mir déi Fräiheet genéisse kënnen, déi mir dacks als selbstverständlech huelen, einfach well se alles ass, wat mir als Geheimnis vu Gléck kennen.

Hei drënner si Fotoe vum Ufank vun der Befreiung vum Norde vu Lëtzebuerg duerch d’US Army, opgeholl vun engem Fotograf vun der US Army.

Foto uewe lénks: 12. Sept 44. Troisvierges feiert d’Befreiung, wéi d’GIs stoppe fir ze kucken. © ANLux FD005-02-023. Riets: 22. Okt 44. US Infanteriezaldoten kommen u fir eng 3-Deeg Paus zu Klierf, hir éischt zënter Juli 44. © ANLux FD005-02-024

Fotoe vun der Géigenoffensiv oder der Ardennenoffensiv, déi vum 16. Dezember 1944 bis de 25. Januar 1945 gedauert huet. Déi lescht dräi Biller goufe vun engem US-Armeefotograf gemaach.

Foto uewe lénks: Däitsch Truppe passéiere verloossen US-Ausrüstung wärend der Géigenoffensiv. © ANLux FD 005-02-034. Riets: 20. Dez 44 US-Truppe regroupéiere sech fir d’Verteidegung vu Baaschtnech. © ANLux 005-02-037

Foto uewe lénks: 22. Dez 44, US-Soldaten waarden op de Kommando fir zu Fouss weider un d’Front ze goen an si ze stäerken. © ANLux 005-02-040. Riets: Ufank Januar 45, US-Truppe beweegen sech op d’Front. © ANLux 005-02-050

Scroll to Top