An der Belsch

Foto vum 22. Abrëll 1944: De Pierre Schon (riets) hëlt dräi Flüchtlingen op, deene gehollef gouf, d’belsch Grenz ze iwwerwannen, fir si an e Lager an engem Bësch ze bréngen. Vu lénks no riets: Lollo Thines, Ugén Felten a Robert Borman vun Ëlwen. © L.P.P.D.

Den 3. Abrëll 1943 ass et net kloer, wien de Pierre Schon gewarnt huet, datt d’Gestapo op dem Wee war fir hie festzehuelen. Glécklecherweis huet et ee gemaach. Mat manner wéi 40 Kilometer tëscht dem Gestapo-Haaptquartier zu Dikrech am Norden an dem Familljebauerenhaff, hätt d’Gestapo a manner wéi enger Stonn kéinten do sinn, wann se déi deemoleg Landstrooss benotzt hätten. Dëst huet dem Pierre ganz wéineg Zäit ginn, fir dat Wichtegst ze packen, eventuell Äddi ze soen, an duerch de décke Bësch an d’Richtung Belsch Grenz ze flüchten.

Säin Numm huet op der deeglecher Fahndungslëscht vun der Gestapo fir anti-däitsch Aktivitéite gestanen, zesumme mat villen aneren, déi als Fahndungsflüchtlingen klasséiert goufen, all fir eng direkt Festnam markéiert. Ouni Handy oder SMS an där Zäit, hätt hien an eng sécher Wunneng an d’ Belsch kéinte flüchten, net wäit vun der Grenz, fir sech ze versuergen a fir ze entscheeden, wat hien als Nächstes mécht. Sécher Wunnenge waren ënner anerem déi vum François Bamberg (deen spéider wéinst der Stopp a sengem Haus, festgeholl gouf), vum Arille Thys, dem Chef vun der Statioun zu Téiweng, a vum Emile Simonis zu Réiteng, fir e puer ze nennen. Dëst war ee richtege Spillwiessel also eng grouss Meeglechkeet, weider aktiv ze bleiwen.

An de fréien zwanzeger Joren huet de Pierre de Familljebauerenhaff verlooss, fir an der Belsch ze schaffen, wou hie bei der Famill Peltzer, enger féierender Famill aus der Textilindustrie vu Verviers, agestallt gouf. Hien huet als Hausgehëllef op hirem Schlass geschafft, engem Château am Domaine de Nivezé bei der Stad Spa. Als jéngste Jong war de Pierre gespaant ze entdecken, wat d’Liewen ausserhalb vum Familljebauerenhaff ze bidden hat, well den Haff sollt u säi méi ale Brudder Nic iwwergi ginn. Hien huet 500 Frang am Mount verdéngt, dorënner Wunn- a Kascht gratis. Elo, e puer Joer méi spéit, huet de Pierre sech erëm an de belschen Ardennen erëmfonnt, mee ënner ganz aneren Ëmstänn.

Foto vun de Staatlechen Archiven aus der Belsch

Zënter 1942 huet de Pierre Schon een Netzwierk an der Belsch opgebaut, dat aus Famillje bestanen huet, déi enorm Risiken agaange sinn, fir honnert Lëtzebuerger Deserteuren ze hëllefen, déi virun der Zwangsrekrétéirung an d’däitsch Arméi geflücht sinn, wéi och geflüchte franséisch Krichsflüchtlingen. D’Organisatioun huet tëscht de Lëtzebuerger Ardennen an dem klengen Duerf Marloie, dräi Kilometer vu Marche-en-Famenne, geschafft. Vill vun de Flüchtlinge goufe vum Pierre hei hi bruecht.

Wann se zu Marloie ukomm sinn, goufen se der Famill vum Jean Boever iwwerreecht, deen och vun engem Netzwierk vu belsche Familljen, déi vill Mut haten, ënnerstëtzt gouf. De Jean Boever, dee gebuer zu Helzen (Hachiville) an de Lëtzebuerger Ardenne bei Clierf a 7 Kilometer vum Familljebauerenhaff vum Pierre zu Diënjen, hat engt belsch Meedchen aus der Famill Lambert bestuet. Hien war Véihändler an domat ganz gutt mat de ville Bauere wäit ronderëm verbonnen. Déi jonk Leit goufe gefiddert, ugedoen an duerno ronderëm bei Bauere placéiert. D’Famill Boever huet souguer hiert Dëschdecken benotzt, fir Hiemer fir d’Flüchtlingen ze maachen.

Jean Boever – © L.P.P.D.

D’Organisatioun gouf staark ënnerstëtzt vum René Nicolay, dem Chef vun der Gendarmerie zu Marche. Seng Haaptaufgab war et, virun der Ofrees vun den Deserteure gefälschten Identitéits- an Aarbechtskaarten ze beschafen. Hien huet och mat Iessen, Kleeder a Sue fir d’Flüchtlinge gehollef. Dëst huet net nëmmen op geflücht franséisch Krichsgefaangener gepasst, mee och op alliéiert Fligerpiloten, déi iwwer Europa ofgeschoss goufen, déi de Pierre Schon matbruecht huet.

Judden, déi aus Lëtzebuerg geflücht sinn, goufen a belsche Klouschter, op Bauerenhäff oder a séchere Wunnenge verstoppt. E puer Judden, déi d’Belsch erreecht haten, hunn hir Flucht weider an de südlechen Deel vu Frankräich an no Spuenie fort gesat, mat der Hoffnung, Portugal ze erreechen a vun do aus mam Schëff iwwer an Amerika ze fueren. Eent vun de gréissten Netzwierker, dat hinne souwéi haaptsächlech alliéiert Fligerpiloten, déi ofgeschoss goufen, gehollef huet, huet bestaanen aus der Comète-Linn an der Niederlännesch Paräis-Linn.

Gebuer zu Käerch am Joer 1912, huet de Jules Dominique als Leutnant an der Gendarmerie zu Dikrech gedéngt, ier de Zweete Weltkrich ausgebrach ass. Am September 1942 huet säi Betrib un engem Generalstreik géint d’Nazi-Besatzung hien zum Zil vun der Gestapo gemaach. Als regionale Leader vun der Lëtzebuerger Resistenzgrupp LVL ass hien an d’Belsch geflücht, wou hien sech der Armée Secrète, der belscher Resistenz, ugeschloss huet. Am Ufank war hie Member vun der MNB (Mouvement National Belge)-Grupp. Mee am Januar 1943 ass hien bei Les Insoumis komm an ënnert deem Banner huet hien eng Eenheet gegrënnt a commandéiert, bekannt als d’Armée Blanche du Luxembourg (Lëtzebuerger Wäiss Arméi), och genannt d’Brigade du Lion Rouge (Roude Léiw Brigad), mat Sëtz zu Hompré bei Baaschtnech.

Dës Grupp, déi haaptsächlech aus Lëtzebuerger bestanen huet, huet op sengem Héichpunkt ronn 120 aktiv Member gezielt, dorënner 21 Amerikaner, 9 Russen a 5 Belsch. De Jules Dominique huet och als Verbindungsmann tëscht der MNB Sektioun vun der belscher Resistenz an de Lëtzebuerger Resistenzgruppe gedéngt. Eng charismatesch Persoun! Hie gouf dacks ënner dem Spëtznumm „Grand Gustave“ bekannt. Am Januar 1943 gouf hie vum Camille Buysse engagéiert, fir an der Grupp Les Insoumis eng Aktiounseenheet ze grënnen an ze féieren. Domat huet hien och d’Aufgab iwwerholl, nei Membere fir d’Résistance ze rekrutéieren an sou d’Beweegung ze vergréisseren.

De Jules Dominique hält eng Plackett mat der Opzeechnung „The International Council“, fir déi international Grupp vu 4 Lëtzebuerger a 5 belsch Resistenzler an den éischte Joren ze symboliséieren, an op der Geleeënheet vun der Ernennung vum Groussherzog Jean als Leutnant an der brittescher Arméi. Foto © Staatlech Archiv aus der Belsch.

Kuerz no senger Flucht an d’Belsch gouf de Pierre e bewaffnete Member vu Les Insoumis. Les Insoumis, wat op Lëtzebuergesch „rebellesch” oder “déi sëch net ënnerkréie loossen” heescht, huet als geheim Zäitschrëft ugefaangen an huet sech zu enger Resistenzbeweegung mat 7.000 Member entwéckelt. Am fréie Joer 1944 huet de Jules Dominique de Pierre Schon iwwerzeegt, eng Maquis-Eenheet ze féieren, déi aus 20 bis 30 Maquisarden bestanen huet, haaptsächlech Lëtzebuerger, déi geflücht sinn, fir d’Zwangsrekrutéierung an d’däitsch Arméi ze vermeiden. De Maquis, dat ware ländlech Resistenzgruppen, déi a Frankräich an östlech vu Frankräich an der Belsch aktiv waren, an a Bëschlager déif am Bësch verstoppt waren, fir net entdeckt ze ginn. Hir Missioune waren ënner anerem d’Sabotage vun Nazi-Infrastruktur, d’Informatiounen iwwer däitsch Truppebeweegungen an d’Ënnerstëtzung vun den Alliéierten an der Präparatioun vun der Befreiung.

D’Maquis-Eenheet vum Pierre hat hir Basis an de décke Bëscher ronderëm Lavacherie, en Duerf ongeféier 20 Kilometer vu Baaschtnech an 30 Kilometer vu Marche-en-Famenne. Nom Eugène Kremer, deen d’Lager besicht huet, war den Dach vun hirem Verstopp aus klenge Fichtebeem a Besemsträicher gemaach. Si hate Stréimatrassen, fir drop ze schlofen. Baueren aus der Regioun hunn hinne Brout, al Mëllech an e bësse Fleesch bruecht. Heiansdo hunn se ee Schwäin oder e Schof geschluecht, dat se selwer organiséiert haten oder dat se vun engem Bauer kritt haten. D’Lager huet e puer honnert Meter vun engem belsche Wäiss-Arméi-Bëschlager geleeën. Iwwerrascht, wéi däitsch Truppe vun der anerer Säit vum Bësch ukomm sinn, goufe béid Wiechter erschoss. D’belsch Resistenzler hate genau genuch Zäit ze flüchten, hunn d’ Lager an all hiere Besëtz zréckgelooss.

D’Wunnquartéier waren ënnerierdesch fir net entdeckt ze ginn. Wann d’Wieder gutt war, hunn d’ Maquisarden dobausse giess an d’Zäit verbruecht, wou se natierlecht Liicht genéisse konnten. Hei drënner e Beispill vun der Entrée an dem banneschten Deel vum Maquis de Cagna. Fotoe vun Alamy.

Confort huet et net ginn, an och praktesch keng Privatsphär. Dräi bis véier Awunner waren ëmmer am Déngscht fir d’Ausbléck ze halen. Nach e puer waren an der Kichen zoustänneg fir der Grupp d’Iessen ze maachen. Glécklecherweis hunn de Pierre an seng Maquisarden net mussen am Lager am schaarfe Wanter vun Enn 1944 bis Ufank 1945 liewen, well den Oste vun der Belsch am September 1944 als éischt fräi gouf. E bësse finanzielle Support ass via Bréissel geliwwert ginn, fir de Maquisarden ze erlaben, Iessen bei lokale Quellen ze kafen. Wann et schwéier war, hunn d’Maquisarden sech net genéiert, e puer Eeër, Botter oder eng Tut Miel vun engem lokale Bauer ze stielen. Vill koumen aus engem landwirtschaftleche Milieu, dofir wossten si och, wéi ee Falen opstellt, fir Kanéngercher an aner Wëld ze fänken an esou hiert Iessen ze ergänzen.

De Pierre huet eng wichteg koordinéierend Roll gespillt a vill Flüchtlingen erfollegräich a verschidde Bëschlager placéiert, dank senger staarke Verbindunge mat den ënnerschiddleche Gruppen, déi mat der belscher Resistenz verbonne waren.

Am Mee 1944 war de Maquis operativ a prett fir d’alliéiert Invasioun vun der Normandie, déi ee Mount méi spéit stattfonnt huet.

Nom Krich huet de Pierre Schon erzielt, datt hie vun de Britte mat dem Ëmgang mat Sprengstoff trainéiert gouf. Dëst war d’Brittesch SOE (Special Operations Executive), déi bekannt ware fir zesumme mat de verschiddene Maquis an der Belsch an a Frankräich ze schaffen, fir si esou effizient wéi méiglech virzebereeden op d’alliéiert Invasioun an d’Befreiung vun Europa. D’SOE huet der lokaler Resistenz Training, Sprengstoff, Waffen a Munitioun geliwwert, déi dacks ënner dem Schutz vun der Nuecht an d’Bëscher parachutéiert goufen. E wichtege Supporter vun der SOE war de brittesche Premierminister Winston Churchill, deen der SOE e kloert a couragéiert Mandat ginn huet fir „Europa a Flamen ze setzen“. Och Radioausrüstung gouf zur Verfügung gestallt fir d’Kommunikatioun mat den Alliéierten opzebauen. De Maquis hunn dës Ausrüstung benotzt, fir wichteg Informatiounen iwwer däitsch Truppemouvemente ze schécken a Befeelen oder Ufroe vun de Resistenzleader, der SOE oder aneren alliéierte Kräften ze kréien.

D’Zuchnetz an den Ardenne war eng wichteg Ligne fir d’Däitscher ze beliwweren, an d’Stéierunge vun dëser Route hunn d’direkt Ënnerstëtzung an d’Logistik behënnert. Marloie hat eng wichteg Gar, wou Verkéierswee zesumme lafen, an d’Resistenz huet dës Gare gezielt als Deel vun hire Beméiungen, d’däitsch Militär-Logistik ze stéieren, andeems se d’däitsch Militärzil déi mat Ravitaillement beluede waren, attackéiert hunn. Am Summer 1944 hu Resistenzgruppen Aktioune vum Sabotage um Zuchnetz duerchgefouert, dorënner d’Entgleisung vun Zich an d’Sprengung vu Brécken a Schinnen.

Éischt Foto: Merci un d’Imperial War Museum, Bildnummer IWM (HU 56936). Zweet Foto © SDL

An senger Réckmeldung un de Lëtzebuerger Nationale Resistenzrot huet de Pierre Schon bestätegt, datt hien u Sabotageaktiounen un der Gare zu Marloie deelgeholl huet. Hien huet nom Krich sengem Jong erzielt, datt hien e puer Zich gesprengt oder entgleist hat als Deel vu senge Resistenzaktiounen. Hien war och u bewaffentem Kampf géint däitsch Truppe bedeelegt.

Anerer Ziler, déi hie genannt huet, waren d’Route de Marche an d’Route de St. Hubert. Béid si wichteg Stroossen, déi d’Ardennen duerchqueeren, a si goufe wéinst hirer strategescher Bedeitung an d’Viséier geholl, well si vill fir den Transport vun däitschen Truppen a Versuergungsmaterial benotzt goufen. Resistenzattacke goufen duerch d’Sprengen oder Minéieren vu Stroossepartien duerchgefouert, an och duerch Attacken op däitsch Konvoien. D’däitsch Arméi war vill méi grouss a besser bewaffnet, sou datt d’Resistenz op d’Element vun der Iwwerraschung konnt vertrauen, séier an decisiv ze handelen an duerno nach méi séier sech zréckzezéien, fir net entdeckt oder gefaangen ze ginn.

De Pierre huet sech offiziell de 15. Mee 1943 der belscher Resistenz ugeschloss a bis de 14. Oktober 1944 als „bewaffente“ Resistenzler bei Les Insoumis gedéngt, registréiert ënner der Gruppkaartnummer 16485. No dem Krich huet de Jules Dominique de Pierre beim Office vun der belscher Resistenz als „de beschte Passeur vun der ganzer Grupp“ beschriwwen an en als „exzellenten“ Resistenzler gelueft, deen d’Nazi-Kräften ëmmer erëm attackéiert, an u bewaffentem Kampf deelgeholl huet. Seng Haaptmissioun war als „troupe de choc“ ze déngen, eng Attacktrupp, déi direkt an heiansdo geféierlech Operatiounen un de Frontlinne géint de Feind duerchgefouert huet (Zich entgleisen, Stroossen zerstéieren a däitsch Camion-Konvoien attackéieren, no bei de Stied Bande an Amberloup).

Eng kuerz Iwwersiicht vun e puer britteschen SOE Missiounen, déi am Joer 1944 an enker Koordinatioun mat der belscher Resistenz duerchgefouert goufen, fënnt een ënner der Tab Archives am Beräich vun den UK National Archives. Et ass schwéier méi déif ze recherchéieren, well vill Archivmaterial no dem Zweete Weltkrich aus Sécherheetsgrënn bewosst zerstéiert gouf, an anerer nach klassifizéiert sinn oder staark zenséiert goufen, fir Informatiounsmethoden, Quellen an d’Identitéite vun Agenten a Resistenzler ze schützen. Duerch eng enk Zesummenaarbecht hunn d’SOE an d’belsch Resistenz sech zu enger vun de wierksame Resistenzorganisatiounen a West-Europa entwéckelt, besonnesch am Beräich vu Sabotage an Intelligenz.

1942 huet d’LPL eng Sektioun zu Bréissel gegrënnt; gegrënnt vum Charles Diedrich, fir deene Lëtzebuerger, déi an der belscher Haaptstad gewunnt hunn, d’Méiglechkeet ze ginn, an der Resistenz matzemaachen. Den Diedrich war och Member vun den zwee Reseauen Zero a Vic, déi Noriichten ofgelauschtert hunn. Och eng wichteg Roll huet gespillt den Alphonse Rodesch, ursprénglech Matgrënner vun der Beweegung zu Klierf, war ënnergedaucht an huet zu Bréissel gewunnt, fir d’Gestapo zu Lëtzebuerg ze evitéieren.

An de Joren 1943 a 1944 gouf mat Hëllef vun den zwee belsche Resistenz-Radio-Reseauen Zero a Clarence, déi gréisste Sammler a Sender vun Informatiounen déi vun LPL-Agenten opgefaange goufen, wichteg Donnéeën erfollegräich op London fir d’Alliéiert iwwerdroe. Clarence, ee vun den erfollegräichsten MI6-Resauen an der Belsch wärend dem Zweete Weltkrich, huet och eng zentral Roll gespillt an dofir gesuergt, d’LPL ze ënnerstëtzen, souwuel finanziell wéi och a Form vu Liewensmëttel, sou datt si de geflüchte Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten hëllefe konnten, an d’Bëschcampen ze iwwerliewen.

De Reseau Zero huet Radio- a Courrier-Verbindunge mam SOE zu London an hire Mataarbechter um Terrain am der Belsch ënnerhalen, wéi och mat de belschen an de lëtzebuergeschen Exil-Regierungen zu London, déi nëmme fënnef Minutten ewech vun enee waren.

De Pierre Schon huet als Geheimdéngscht-Liaisonsoffizéier tëscht dem Maquis, deen hien no bei Lavacherie geleet huet, an dem LPL zu Bréissel geschafft. Hien ass relativ dacks mam Zuch op Namur an op Bréissel gefuer, fir sech mam Alphonse Rodesch ze treffen. No der D-Day-Landung am Juni 1944 an dem Virukomme vun den Alliéierten ass d’Informatioun an Déngschtleeschtunge vun den Kommunikatiounsreseauen ëmmer méi appreciéiert gi wat d’Beweegunge vun den Däitschen Truppen ugaangen ass.

D’Zesummenaarbecht tëscht dëse Reseauen huet exemplaresch d’Verbonnenheet vun de Resistenzaktiounen am besaten Europa wärend dem Zweete Weltkrich gewisen, besonnesch fir d’Ënnerstëtzung vun der Alliéierter Invasioun; doduerch konnten die Alliért besser avancéieren am Joer 1944.

De Pierre hat ëmmer Angscht, dass d’Gestapo Repressioune géint seng Famill hëlt nodeems hien ënnergedaucht war. An der däischter Nuecht vum 1. Juli 1944 huet sech dës Angscht bewäert. Een gewaltsam Klappen un der Dier huet d’Rou zu Diënjen gebrach.

„Maach op!“ huet e Gestapo-Beamte geruff. D’Dier gouf opgerappt, an e Grupp Gestapo-Agenten ass an d’Haus gestiermt, direkt op de Pierre sengem ale Brudder Nic zou.

„Wou ass hien? Wou ass hien?“ huet de Beamte gebillt, huet eng Pistoul un den Nic sengem Réck gedréckt an hie vu Raum zu Raum gefouert, wärend se d’Haus duerchsichen.

Den Nic gouf festgeholl a gouf an d’Grond-Prisong zu Lëtzebuerg-Stad bruecht, wou e vum 2. bis de 25. Juli festgehale gouf. Wärend senger Gefaangenschaft gouf en an der Villa Pauly, dem berüchtegte Gestapo-Sëtz, dacks verhéiert a geschloe. Trotz de Mësshandlunge konnt de Nic d’Gestapo iwwerzeegen, dass en zënter dem Verschwanne vum Pierre viru bal fofzéng Méint näischt vun him gesinn oder héieren hat.

No méi wéi dräi Wochen an der Gefaangenschaft gouf de Nic fräigelooss. Hien ass knapp enger Deportatioun entkomm — hie gouf fräi gelooss, well d’Famill Schon hire Papp am Mäerz 1941 verluer hat an op de Nic gebaut huet, fir de Familljebauerenhaff wärend enger Phase vu grousser Liewensmëttelknappheet ze féieren.

Mee dat Trauma huet en déifgräifenden Impakt hannerlooss. Wéi d’Däitscher am Dezember 1944 hir Géigenoffensiv gestart hunn, ass de Nic zesumme mat senger jéngere Fra a sengem just gebuerenem Kand an d’Belsch geflücht; hie war sech bewosst, datt hien eventuell eng zweet Kéier net géif iwwerliewen.

Géint Enn November 1944 war de gréissten Deel vu Lëtzebuerg ënner der Kontroll vun de Alliéierten. No annerhallwem Joer op der Flucht an d’Belsch ass de Pierre Schon am September 1944 an d’Familljenhaus zu Diënjen zréckkomm a gemengt, datt de Krich eriwwer wier.

De 16. Dezember 1944 huet Nazi -Däitschland d’Ardennenoffensiv lancéiert, eng grouss Géigenoffensiv duerch d’Ardennen. Déi nërdlech an ëstlech Deeler vum Land, dorënner Klierf an d’Ëmgéigend, sinn erëm an däitsch Hänn gefall.

D’Stad Lëtzebuerg an de Süde vum Land goufe vum zweete Besuch vun den Nazie verschount, well d’alliéiert Truppe konnten di däitsch Offensiv am Süden ophalen. Wéi och ëmmer, d’Flüchtlingen aus der Ëmgéigend hunn sech an der Stad zesummegedoen, wat d’Zuel vun de Leit an der Stad erhéicht huet. Iessen a grondleeënd Ressourcë ware knapp, an d’Leit hunn ënner der stänneger Bedrohung vu Loftattacken an Artilleriefeier gelieft.

Erëm gouf de Pierre gezwongen, aus sengem Haus am Norden ze flüchten, fir enger Festnam an engem sécheren Doud ze entgoen. Och wollt hien net gesi ginn, fir esou seng Famill viru weideren Nazi-Repressiounen ze schützen.

Lëtzebuerg gouf Enn Januar 1945 vollstänneg befreit. De Pierre ass endlech den 1. Februar 1945 heem zréckkomm, soubal et sécher war, an huet seng Aktivitéit als Chef vum belsche Maquis am September 1945 opginn.

D’Stad Lëtzebuerg gouf den 10. September 1944 vun den Alliéierte befreit, virun allem vun der Drëtter Arméi vum General Patton, déi an d’Stad erakomm ass a vun der Bevëlkerung no bal véier an engem halleft Joer däitscher Besatzung enthusiastesch a mat vill Dankbarkeet begréisst gouf.

Lénks uewen: Bierger begréissen de Prënz Félix den 10. September 1944. Foto © ANLux FD 005-02-011. Riets: US-Truppe kucken op d’Lëtzebuerger Kathedral. Foto vun der US Army. © ANLux FD 005-02-004

Lénks uewen: Amerikanesch Truppe marschéieren duerch d’Stadzentrum. © Photothèque de la Ville de Luxembourg. Auteur onbekannt. Riets: D’Mënsche versammelen sech virun dem Gemengenhaus. © Photothèque de la Ville de Luxembourg. Auteur onbekannt.

Scroll to Top