
Foto Gestapo-Haaptquartéier an der Villa Pauly, Stad Lëtzebuerg. © Photothèque de la Ville de Luxembourg. Auteur onbekannt.
Gestapo-Ënnerdréckung
Am Joer 1942 hunn d’Nazien d’Ënnerdréckung vun de Resistenzgruppen, dorënner d’LPL, verstäerkt. Gestapo-Agenten hunn sech an d’Beweegung era infiltréiert, wat zu Festname vun LPL-Memberen zu Klierf an an de ronderëmgeleeë Gebidder gefouert huet. Vill goufen a Konzentratiounslager verschéckt oder exekutéiert.
Dofir goufen de Pierre Schon an nach fënnef aner jonk Männer aus sengem Duerf Diënjen de 5. Mee 1942 vun der Gestapo opgegraff a fir Verhéier an hiren Nordquartéier an der Villa Conter zu Dikrech bruecht. De Pierre ass eng Nuecht festgesat ginn, wou hien dräi Stonne laang verhéiert gouf a mat engem Ochseschweif geschloe gouf. Trotz der Brutalitéit huet hien et fäerdeg bruecht, seng Verhéierer dovunner ze iwwerzeegen, datt hien net un der Resistenz bedeelegt war, an si hunn hien duerno fräigelooss. An där Zäit vun méi grousser Ënnerdréckung schéngt et, datt vill jonk Männer festgeholl a verhéiert goufen, an der Hoffnung, datt se ënner Drock zouginn, Deel vun der Resistenz ze sinn oder een ze kennen, deen et war.
Spéider, den 10. September 1942, gouf de Pierre erëm opgegraff, dës Kéier vun däitschen Zollbeamten, well ugeholl gouf, dat hien d’Grenz zu Hoffelt iwwerschratt hat. Hien ass eng Nuecht am Prisong zu Tréin festgehale ginn, och wa keng definitiv Beweiser fonnt goufen. Nach eng Kéier hat hie Gléck a gouf relativ ouni Schued fräigelooss.
D’Gefaangener a Verdächtegte vun der Resistenz goufe vun der Gestapo an der Villa Pauly verhéiert a gefoltert. Si si schlëmm behandelt ginn, si hunn ëm hiert Liewe gefaart, an hunn am Keller (Foto hei ënnen) gesiess. All Zell hat nëmmen eng Holzbänk a bal kee Liicht.

© Photothèque de la Ville de Luxembourg. Auteur Tony Krier
Haut ass eng Plack bausse virun der Villa Pauly ze fannen, déi d’Passanten un d’Resistenzler erënnert, déi wärend der Nazi Besatzung an där Villa gefoltert goufen.

No zwee knappe Fluchten huet de Pierre Schon sécher gemierkt, datt hien elo um Radar vun der Gestapo stoung, d’Netz sech zouzitt, an et just nach eng Fro vun der Zäit war, bis hien opgegraff a warscheinlech exekutéiert géif ginn. Dës Zäit koum da sechs Méint méi spéit, am Ufank vum Abrëll 1943, wou hie säi Verstand, seng déif Kenntnisser vun de Fluchtweeër duerch de Bësch a seng Kontakter huet misste benotzen, fir säi Liewen op der Flucht an d’Belsch ze retten, wärend d’Gestapo hannert him hir war.
D’Gestapo hat vill Efforten ënnerholl, fir d’Resistenz ze infiltréieren an ze zerstéieren, mee d’LPL zu Klierf, zesumme mat anere Resistenzgruppen, huet et fäerdeg bruecht, eng gewësse Geheimhaltung iwwer hir Leaderstruktur ze behalen. Dat huet sech besonnesch duerch dezentraliséiert Féierung an d’Benotzung vu Pseudonymmer gewisen.
D’LPL huet hir Aktivitéite wieder gefouert an sech un d’Situatioun ugepasst, andeems si mat klenge Gruppéierungen an improviséierte Wunnengen, déi awer sécher waren, geschafft hunn.
Generalstreik 1942
D’LPL an aner Resistenzgruppen, déi d’Informatiounen, déi de Matgrënner Josy Fellens gehollef huet ze verbreeden, benotzt hunn, hu fir den 30. August 1942 zu engem nationale Streik opgeruff, fir géint d’däitsch Annexioun an d’Zwangsrekrutéierung ze protestéieren. Dësen ass deen eenzege Streik, deen am besaten Europa stattfonnt huet. De Streik huet an der Liederfabrick zu Wolz ugefaangen a sech séier iwwer d’ganz Land verbreet. Dëse Streik war e bedeitenden Akt vun ziviller Desobéissance géint d’Besatzer. De Streik huet Enn August bis Ufank September 1942 gedauert an e puer Deeg ugehale, wouduerch ee groussen Deel vun der Lëtzebuerger Wirtschaft paralyséiert gouf. Wéi d’Däitscher probéiert hunn, de Streik mat militärescher Gewalt ze ënnerdrécken, huet d’Solidaritéit an den Entschloss vun de Mataarbechter et schwéier gemaach, déi Beweegung direkt ze stoppen.
No dem Krich huet de Pierre Schon dem Nationalrot vun der Resistenz matgedeelt, datt hie véier Deeg virum nationale Streik e puer Päck mat Flugblieder aus der Belsch no beim Grenzgebitt ofgeholl huet, déi vu Bréissel vum Alphonse Rodesch (Frënd a Matgrënner vun der LPL) geschéckt goufen a vun him an anere Resistenzler ronderëm d’Land verdeelt goufen.
An sengem Buch “Quatre années de lutte” (Véier Joer Kampf), dat 2011 vun der Amicale LPL nei verëffentlecht gouf, huet den Alphonse Rodesch confirméiert, datt d’LPL de 26. August eng Noriicht un d’Lëtzebuerger Exilregierung zu London iwwer de belsche Resistenzradio an Transmissiounsservice „Luc“ geschéckt huet, an där se matgedeelt hunn, datt, wa keng Géigenuerder ukomm wier, de nationale Streik duerchgefouert géif ginn. Well et keng Géigenuerder gouf, gouf et gréng Luucht fir 10.000 Flugblieder ze drécken, déi d’Aarbechter opgeruff hunn, ze streiken, an all zwangsrekrutéiert Persounen ze encouragéieren, fir ze desertéieren.
Awer d’Nazien hunn haart duerch gegraff, méi brutal wéi erwaart. Si hu vill vun de Streikführer a Streikenden verhaft, an d’Repressioun, déi duerno koum, war massiv: Dausende goufe verhaft, vill goufen a Konzentratiouns- oder Ëmsidlungslager geschéckt, a mindestens 21 Persoune goufen zum Doud verurteelt. Si goufen duerch e “Peloton d’exécution” am Konzentratiounslager Hinzert higeriicht, 30 km vu Lëtzebuerg ewech. Zu Lëtzebuerg hunn d’Nazien Affichen opgehaangen, op deenen si d’Nimm vun de Leit verëffentlecht hunn, déi moies duerch e “Peloton d’exécution” scho waren higeriicht ginn – als Warnung un d’Bevëlkerung.

© Photothèque de la Ville de Luxembourg. Auteur onbekannt.
An där Zäit huet de Pierre Schon Suen zesummegesicht fir d’Famille vun de Männer ze ënnerstëtzen, déi vun der Gestapo verhaft goufen. Déi däitsch Autoritéiten hunn och schwéier Strof géint d’Famille vun de Betraffene verhänkt, dorënner d’Deportatioun vu Familljememberen an Konzentratiouns- oder Ëmsidlungslageren. Trotz däitscher Repressiounen huet de Streik de Mut an d’Widderstandsfäegkeet vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung gewisen an e wichtege Moment an der Resistenz géint d’Nazie markéiert.
An sengem Buch huet den Alphonse Rodesch geschriwwen, dass schonn de 7. September de britteschen Ausseminister Anthony Eden eng Radio-Noriicht un d’Lëtzebuerger Bevëlkerung geschéckt huet: „Mir a Groussbritannien hu mat Bewonnerung a Matgefill d’heroesch Resistenz géint d’Nazi-Tyrannie vun engem klenge mä couragéierte Vollek verfollegt. Dir, d’Lëtzebuerger, sidd an ärem Haass géint de Nazismus eeneg. Dir hutt gewisen, dass dir wëllt bleiwe wat dir sidd, e fräi Vollek, a mat ärem Mut an ärem Widderstand hutt dir äert Recht dozou fest etabléiert.“
D’Regierung am Exil huet d’Evenement genotzt fir breet Opmierksamkeet an der brittescher an amerikanescher Press ze kréien. D’Recht vu Lëtzebuerg op Onofhängegkeet a Fräiheet gouf vun den Alliéierten unerkannt.
Zwangsrekrutéierung
Déi Däitsch hunn de 30. August 1942 d’Zwangsrekrutéierung vun de Lëtzebuerger an d’däitsch Arméi imposéiert. Iwwer 10.000 Lëtzebuerger am Alter tëscht 18 a 24 Joer goufe géint hire Wëlle rekrutéiert. Méi wéi 3.000 hunn desertéiert a vill hunn sech der Resistenz zougewannt fir mat engem Fluchtwee Hëllef ze kréien, fir eng Festnam, zwangsleefeg Aarbecht oder Deportatioun ze vermeiden. Méi wéi 100 krute vum Pierre Schon gehollef, mat enger neier Identitéit an d’Belsch ze flüchten. E puer hunn och un der alliéierter Resistenz deelgeholl.
Bal 3.000 lëtzebuergesch Zwangsrekrutéierter hunn am Zweete Weltkrich hiert Liewe verluer. Si si gezwonge ginn, un der Ostfront ze kämpfen, fir d’ausgedënnte Kräften ze ënnerstëtzen a géint d’Sowjetunioun ze kämpfen; duerfir war dës Front vill méi geféierlech wéinst de brutale Konditiounen an de massive sowjetteschen Offensiven; duerfir och déi ganz héich Zuel vun Doudegen. Zum Beispill goufen tëscht 1943 a 1945 1.900 Lëtzebuerger a sowjettesche Gefaangenelager festgehalen. 1.000 vun hinne goufen an d’Gefaangenelager zu Tambow geschéckt. 165 hunn d’Konditiounen am Lager net iwwerlieft, nach 38 sinn am Spidol zu Kirsanow gestuerwen, a 50 jonk Lëtzebuerger sinn op hirem Wee zeréck an d’Heemecht gestuerwen.
Nazi-Konzentratiouns- a Repressiounslager KZ Hinzert
30 km vun der lëtzebuergescher Grenz ewech geleeën, louch d’KZ Hinzert um Plateau vum Hochwald, op enger Héicht vu 550 Meter, mat Bléck op d’Hunsrück-Biergketten an ëmgi vu Käschtebëscher. D’Ëmgéigend war fiicht, dacks war vill Wand, eng trist Géigend a wärend de Wanterméint gouf et och Frascht.
Am Februar 1942 gouf d’Kontroll iwwer d’Lager un d’SS iwwerdroen, an et gouf och zum Lager fir d’Gestapo fir d’Regioune Lëtzebuerg a Tréier.

Tëscht 1939 a 1945 goufen zu Hinzert 13.600 politesch Gefaangener am Alter tëscht 13 a 80 Joer festgehalen. Vill dovu waren op der Duerchrees an aner méi grouss Konzentratiounslagere geschéckt ginn, wou si dacks ëm d’Liewe koumen. Anerer ware lëtzebuergesch politesch Gefaangener oder Zwangsrekrutéierte, déi sech geweigert haten, an d’däitsch Arméi anzetrieden. Et gëtt geschat, dass zu engem gewëssene Moment ronn 1600 Lëtzebuerger zu Hinzert internéiert waren, wouvun 82 gestuerwe sinn. Vill Gefaangener goufen awer och direkt zu Hinzert exekutéiert. De 25. Februar 1944 goufen 23 lëtzebuergesch Resistenzler duerch en Erschiessungskommando higeriicht. D’Lager gouf haaptsächlech vun der SS verwalt, gefouert a bewaacht – laut Iwwerliewenden huet sech dës duerch besonnesch Brutalitéit a Grausamkeet ausgezeechent.
De beschte Frënd vum Pierre Schon, de Léon, huet zwee Joer Zwangsaarbecht am Lager misse maachen, nodeems hien sech geweigert hat, an d’däitsch Arméi anzetrieden. Obwuel et “nëmmen” e Sammellager war, goufen zu Hinzert 321 Gefaangener ëmbruecht. Verschidde Quelle gi vun nach méi héijen Zuelen aus. D’Affer goufen dacks am Ëmfeld vum Lager erschoss, ersoff oder mat déidlechen Injektiounen ëmbruecht.
D’Kierper vun 78 Lëtzebuerger, déi zu Hinzert (vill dovu Resistenzler), am Prisong Klingelpütz zu Köln an am Prisong Preungesheim zu Frankfurt higeriicht goufen, goufen den 9. a 10. Mäerz 1946 exhuméiert an zeréck op Lëtzebuerg transferéiert. Laanscht de Wee hu Bierger d’Stroosse gesaumt, e puer dovu mat de gesträiften Uniforme vun de KZ-Gefaangenen, fir den Affer Éier ze erweisen. D’Kierper goufen éischt fir eng kuerz Zäit op der Plëss d’Armes an der Stad Lëtzebuerg opgeboort, wou och d’Autoritéiten hinnen hire Respekt gewisen hunn, ier si um Cimetière Notre-Dame begruewe goufen. Quell: Wikipedia



Fotoen © Photothèque de la Ville de Luxembourg. Auteur: Tony Krier
All Joer fannen an der Stad Lëtzebuerg Gedenkzeremonië statt.