Fréi däitsch Besatzung

Titelbild: Nazi-Fändelen dekoréieren de Knuedler, eng vun de wichtegste Plazen an der Stad Lëtzebuerg. © Photothèque de la Ville de Luxembourg. Auteur onbekannt.

D’Groussherzogin Charlotte an d’Lëtzebuerger Regierung, déi den Dag vun der Invasioun informéiert goufen, hunn sech aus dem Stepps gemaach. Hir Rees huet si fir d’éischt no Portugal gefouert, duerno no Kanada. Schlussendlech hunn sech d’Groussherzoglech Famill an d’Regierung am Exil zu London niddergelooss, fir d’Lëtzebuerger Resistenz ze ënnerstëtzen an zesumme mat den alliéierte Regierunge schaffen ze kënnen.

Den 13. Juli 1940 gouf d’Volksdeutsche Bewegung (VdB) an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt. Hiert Haaptzil war et, d’Bevëlkerung mat Hëllef vu Propaganda a Richtung enger däitschfrëndlecher Haltung ze beweegen, ënner dem Slogan Heim ins Reich.

Memberskaart vun der Volksdeutscher Bewegung

Op hirem Héichpunkt hat d’VdB 84.000 Memberen, also bal 30% vun der Bevëlkerung. Allerdéngs goufen all d’Staatsbeamten, d’Polizisten, d’Schoulmeeschteren, d’Leit aus der Justiz asw. dozou gezwongen, Memberen ze ginn, soss hätten si hir Aarbecht verluer a konnten hir Famill net méi ernären. Déi meescht waren awer ganz passiv Memberen a konnten sech ni virstellen, Judden oder Membere vun der Resistenz ze verroden.

D’Nazien hunn d’Lëtzebuerger als just eng weider germanesch Volleksgrupp ugesinn an d’Groussherzogtum als däitscht Gebitt betruecht.

Eng massiv Propagandacampagne zur Verdäitschung gouf lancéiert. Leit, déi dem Regime oppen entgéint gestanen hunn, hunn hir Aarbecht verluer oder goufen deportéiert – haaptsächlech an den Oste vun Däitschland, oder goufen an de schlëmmste Fäll an d’Doudeslager geschéckt. Zënter dem 6. August 1940 war Däitsch déi eenzeg Amtssprooch, an d’Benotze vun der franséischer Sprooch gouf verbueden.

Um Enn vum Juli 1940 gouf d’militäresch Besatzung duerch eng zivil Administratioun ersat, ënner dem Kommando vum Gauleiter Gustav Simon, aus dem Nopesch-Gau Koblenz-Tréier. De Gustav Simon huet Lëtzebuerg mat eisener Fauscht regéiert.

D’Gestapo (Geheime Staatspolizei) ass kuerz no der däitscher Invasioun zu Lëtzebuerg ukomm a gouf séier zu engem geféierlechen Instrument vun der Nazi-Repressioun. Hir Aufgab war et, d’Resistenz ze eliminéieren, di däitsch Herrschaft duerchzesetzen a d’lokal Bevëlkerung ze ënnerwerfen an ze terroriséieren.

D’Gestapo huet hiert Headquarter an der Villa Pauly opgemaach, engem herrschaftlechem Haus an der Stad Lëtzebuerg, dat zum Synonym fir Folter, Verhéier an Hiriichtunge ginn ass. Gestapo-Filiale goufen an der Villa Seligmann zu Esch am Süden an an der Villa Conter zu Dikrech am Norden ageriicht.

Gestapo-Headquarter Villa Pauly. © Photothèque de la Ville de Luxembourg. Auteur Tony Krier

Hir éischt Ziler ware politesch Dissidenten, fréier Regierungsbeamten a Journalisten, déi sech géint d’Naziherrschaft gesat hunn. Si hunn och mat der Volksdeutsche Bewegung (VdB) zesummegeschafft, fir all déi ze identifizéieren an ze verfollegen, déi sech géint d’Verdäitschung gewiert hunn.

Däitsch Truppen am Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg. © Photothèque de la Ville de Luxembourg. Auteur onbekannt

Scroll to Top